Liewenslaf

No hirem Psychologiestudium zu Leck huet d’Sylvie Andrich-Duval sech, an hiert Wëssen, ganz an den Déngscht vun de Kanner, Jugendlecher an Fraen an Nout gestallt. Als éischt huet sie als Responsabel bei « Fir ons Kanner asbl » geschafft, engem Berodungsdéngscht fir Pflegefamiljen an Dagesmammen. Als fréier Direktesch vun der Stëftung « Pro Familia » an duerno Regierungsrot am Familjeministär, kennt sie d’Uleies an d’Suergen vun de Bierger.

Esou wéi am Gemengerot zu Diddeleng setzt si sech och an der nationaler Politik fir méi Gerechtegkeet an der Gesellschaft an. Intakt Familljen, Kannerrechter a Sozialpolitik leien hier besonnesch um Haerz. Hier Interessigebidder an der Châmber begräifen och nach d’Schoul- an d’Héichschoulpolitik, d’Gesondheetswiesen esou wéi d’Kommunikatiounen an di nei Medien.

Verbonnenheet mat der Natur an Léift zu den Déieren hun derzoubäigedroen, dass Sylvie Andrich-Duval Presidentin vum de lëtzbuerger Klengdéierenziichter gin ass. « Eng Aufgab déi mech begeeschtert an vill Freed mecht » sou d’CSV-Politikerin. Grad esou Spaass mécht hir d’Engagement an “Gaard an Heem”. An hirer knapper Fräizäit bléift hir nach e bëssen Sputt fir Fitnesstraining an fir mat hirem Mann Daniel spazéieren ze goen.

0 Äntwerten to “Liewenslaf”


  • Keng Kommentaren

Hannerlooss eng Äntwert