Aus der Chamber
Säit 7 vun 9
Onkologie des Escher „Centre hospitalier Emile Mayrisch“ (CHEM)
Herr Präsident,
Gemäß Artikel 80 der Geschäftsordnung der Abgeordnetenkammer, bitte ich Sie, die vorliegende parlamentarische Anfrage an die Gesundheitsministerin sowie den Minister für soziale Sicherheit weiterzuleiten.
Die Onkologie des Escher „Centre hospitalier Emile Mayrisch“ (CHEM) platzt derzeit aus allen Nähten. Sowohl die stationären als auch die ambulanten Chemotherapie-Patienten werden auf der Station behandelt, Tendenz steigend.
Aus diesem Grund haben die Verantwortlichen sich dazu entschieden das leer stehende Gebäude der „al Maternité“, welches ursprünglich abgerissen werden sollte, zur Onkologie-Station des CHEM umzufunktionieren und somit Personal und Patienten viermal mehr Platz zu bieten.
In diesem Kontext möchte ich folgende Fragen an die Gesundheitsministerin und an den Minister der sozialen Sicherheit stellen:
- Auf welche Summe werden die Umbaukosten sich belaufen?
- Wie wird der Umbau finanziert?
Es zeichnet hochachtungsvoll,
Sylvie Andrich-Duval
Abgeordnete
Projet vun der CFL Multimodal Plattform
PROJET DE LOI modifiant la loi modifiée du 10 mai 1995 relative à la gestion de l’infrastructure ferroviaire
Här President,
Léif Kolleginnen a Kollegen,
Als éischt, der Rapportrice, der honorabler Madame Lorsché, Merci fir hiren exzellenten schrëftlechen a mëndlechen Rapport.
Dësen Gesetzesprojet gëtt, wéi mer grad héiren hunn, gréng Luut fir di 2. Phase vum Projet vun vun der CFL Multimodal Plattform déi an nationaler Aktivitéitszone Scheléck IV am gaang ass ausgebaut ze ginn.
Zënter hirer Entstehung am Joer 1979 huet dës Plattform eng fulgurant Entwëcklung gemaach bedingt duerch eng Neiorientéierung vum internationalen Wuerentransport, déi, am Sënn vun der Ëmwelt, vun der Strooss op d’Schinn ëmklëmmt, well jo bekanntlech ronn 40% vun den CO2-Emissiounen aus dem Transportsecteur grad vum Wuerentransport kommen. Si stellt mam Logistikspark Eurohub Süd e Ganzt duer, ee vun den 3 Standbeener, niewt dem Flughafen an dem Hafen vu Mertert, vun enger nationaler Nischenpolitik am Logistiksberäich, déi di viiregt Regierung esouzesoen wuertwiertlech op d’Schinnen gesat huet. Grad an der Logistik ginn Leit mat manner Qualifikatiounen gebraucht, Leit, déi soss an der Industrie ënnerkomm sinn an de Moment schwéier aus dem Chômage erauskommen. Eng Politik déi vun der CSV begréisst a matgedroen gëtt.
D’Chambre de Commerce bedauert awer an hirem Avis vum 6.März zum virleienden Gesetzesprojet, dass weder bei der 1. Phase vum Projet nach an dem initialen Reglementsprojet vum Plan sectoriel Transport eng Verstärkung vun der Verbindung zwëschen der CFL multimodal Plattforme a vum Hafen vun Mertert via eng deelweis Verstärkung vun der Zuchstréck n°3 Lëtzebuerg-Waasserbëlleg Grenz virgesinn ass. Doduerch wier den Uschloss op der däitscher Grenz op der Héicht vum Merterter Hafen méiglech wier. Deelt den Här Minister dës Appreciatioun?
Di gënschteg zentral Lag esouwuel um Schinnenetz wéi um internationalen Autobunnsnetz mécht de Site Beetebuerg-Diddeleng, zu enger Dréischeif an Europa fir d’Groussregioun mam Containerterminal, der Autoroute ferroviaire op der Nord-Sud Ax an dem Logistikspark. Di verschidden Ëmluedetechniken vun de Semi-remorquen a Containeren vum Camion op den Zuch oder vum Zuch erof op de Camion, soit mat engem Kran, soit engem mobilen Gefier, soit mat der Modalohr-Technik erlaben et um CFL Multimodal schnell an konkurrenzfäheg ze schaffen.
Den Ausbau vum Site erméiglecht et d’Manipulatiounen vun elo 88.000 op 300.000, d’Capacitéit vu Semi-remorquen vun 47.200 op 300.000 an d’Aarbechtsplazen vun ëm di 300 op 640 ze steigeren um Horizont 2025 wat dann och d’maximal Capacitéit ass. Zugleich kënnen d’Waardezäiten fir d’Chaufferen op e Minimum grad esou wéi d’CO2 Emissiounen ëm 525.000 Tonnen pro Joer bis 2025 reduzéiert ginn. De Projet entsprécht also de Kritären vun enger nohalteger Mobilitéit esou wéi se am MODU Konzept festgehalen gouf vum viregten Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister Claude Wiseler.
Di grouss Nofro weist drop hin, dass e Besoin fir esou eng international Plattforme besteet. Ech zitéiren den Rapporteur Aly Kaes vum Gesetz vum 27. August 2013 wéi mer d’Phase I, also d’Viirbereedungsaarbechten an di 1. Partie vun der Plattform gestëmmt hunn wou schon deemols op d‘Dringlechkeet vum Projet higewis gouf.
Ech zitéiren:
« D’Commission d’analyse des projets d’infrastructure ferroviaire hält an hirem Avis vum 12. Mäerz 2013 fest, datt déi zwou éischt Phase vun dësem Projet mussen u sech virun Enn 2015 ofgeschloss sinn, fir datt mer, jo, fir datt mer déi Éischt an der Groussregioun sinn, déi u sech esou eng Infrastruktur kënne virweisen.“ Enn vum Zitat. Di selwecht Commissioun ënnersträicht dëst iwregens nees eng Kéier an hirem Avis vum 10. November 2014.
Fir d’CFL e groussen Challenge, deen déi di Verantwortlech bis elo mat Bravour gemeeschtert hunn. De Projet ass en Deel vun enger Rei vun Efforten, déi d‘Regierung mécht, fir den Eisebunnsréseau ze förderen a mer encouragéiren den Här Minister, dass hien de lëtzebuergeschen CFL Réseau mat Nodrock am Kader vum 4. Europäeschen „Paquet ferroviaire“ verteidegt.
Entretemps hunn di 2 Gemengeréit Beetebuerg an Diddeleng den PAG ëmgeännert an di betraffen Parzellen als spezifesch national Aktivitéitszone ëmklasséiert.
Den Site CFL Multimodal ass awer nëmmen een Deel vun engem groussen Aktivitéitspark vun circa 340ha vun industriellen, kommerziellen, handwierklechen Aktivitéiten déi elo schon oder demnächst sollen am Raum Beetebuerg-Diddeleng stattfannen.
Niewt de bestehenden nationalen Aktivitéitszonen Schéleck I bis V, Krakelshaff, Wolser a Riedchen, sollen laut Plan sectoriel, wann en dann eng Kéier a Kraaft trëtt, Wolser an den Krakelshaff ausgebaut ginn an eng nei spezialiséiert national Aktivitéitszone, déi bis elo kommunal war, bäikommen fir Gesondheetstechnologien, dëst direkt niewt dem Nationalen Gesondheetslabo wou zënter Oktober 2013 all Dag ëm di 200 Leit schaffe kommen.
Och nei Commercen, Supermarché an Tankstell, mat Wunngebitt sollen derbäi kommen an der kommunaler Zone Helper zu Diddeleng grad wéi op Beetebuerger Säit e groussen Supermarché.
Den Accès zum Site CFL Multimodal fir di Leit déi do schaffen an d’Clientën, spréch d‘Camionën déi dohi kommen ass eng Saach. E globalen Konzept fir de gesamten Raum gemäss IVL Virgaaben „Schaffen, Liewen, Wunnen“ zesummen ze bréngen ass eng aner Saach. Dofir hunn di zwee Gemengeréit respektiv Schefferéit vu Beetebuerg an Diddeleng drop insistéiert, nët nëmmen den Impakt vun deem heite Projet eléng ze kucken, mee et an deem méi breeden Kontext ze kucken, besonnesch wat d’Verkéiersplanung ugeet, well hei en immensen Drock entsteet. Well wa méi Leit dohinner schaffe kommen, dann och méi Leit wëllen dohinner wunne kommen an do alles musse kënne fannen wat se brauchen fir ze Liewen. Da mussen mer also och déi Konditioune schafen fir datt dat méiglech gëtt!
Mir investéiren viraussichtlech insgesamt 250 Mio€ iwert den Fonds du rail fir d’Camionën op den Zuch ze kréien. Eng gutt Nouvelle, dass vun deenen éischten 182 Mio € déi mer 2013 gestëmmt hunn, konnten, laut Ausso vun den Responsablen, schon elo 5-10% agespuert ginn. Di ugekënnegt Gréisstenuerdnung vum Finanzement vun der 2. Phase vun den techneschen Équipementer an dem administrativen Gebäi mat iwerdaachtem Parking fir CFL Multimodal a fir CFL Cargo louch deemols bei 28 Mio€. De Montant dee mer awer haut stëmmen leit bei 39 Mio€. An deem Kontext werft d‘Chambre de Commerce an deem selwechten Avis, a mat hier och ech, d’Fro op un d’Regierung virwat den Projet elo 11 Mio€ méi deier gëtt wéi ufanks geduet?
An di 3. Enveloppe, wann da sollt e weideren Ausbau néideg sinn fir Parkraum fir Semi-Remorquen a Stockageraum fir Containeren op 6 Etagen grad esou wéi e 4. administrativt Gebäi bäizebauen, ass op 30 Mio € geschätzt. Iwregens gëtt op déër leschter Plaz en attendant e Parking fir circa 50 Plazen amenagéiert.
Den Zäitplang geseit vir fir Enn 2016 di 2 Phasen färdeg ze hun. Laut der Zousoe vusäite vun de Bedreiwer vun der multimodaler Plattform sollen d’Aktivitéiten um Site progressiv gesteigert ginn – de kompletten Site soll ab 2018/2019 funktiounsfäheg sinn. Voll dréinen wärt den Site ab 2025. Si wäerte och net vun haut op muer vun eent op honnert dréinen, an kënnen deementspriechend och eréischt mat engem gewëssene Rhythmus fueren, wa gläichzäiteg och déi Stroosseninfrastrukturen do sinn, déi einfach zu där neier Plattform gehéieren. Dat schéngt mer eng Selbstverständlechkeet ze sinn an ech hoffen, dass dat och esou am Endeffekt bleiwt.
Här President, Léif Kolleginnen a Kollegen,
D‘CSV Fraktioun dréit de Projet selbstverständlech mat am Sënn vun enger wirtschaftlecher an nohalteger Entwëcklung.
Luewenswert bei dëser 2.Phase ass di polyvalent Notzung vun den administrative Gebäier, wou d‘Douane direkt mat ënnerbruet ass, aner Firmen kënnen Lokalitéiten lounen, an e Konferenzzentrum wéi och Formatiounssäll zur Verfügung stinn.
Begréissenwert och fir d’Leit um Site, dass ronderëm den Areal vun den administrativen Gebäier mat der Kantine an enger Terrasse eng gréng Erhuelungszone mat engem Bioweiher amenagéiert gëtt, déi vum Kaméidi duerch e Schutzwall aus Buedem vun 3 Meter héich ofgeschiermt ass.
An dann awer e grouse MEE, zu den Belaaschtungen a punkto Kaméidi, Trafic an Ëmwelt, déi riskéieren sech op d’Liewensqualitéit vun den Awunner nidderzeschloen.
Par rapport zum Vote vum 1. Projet sinn entretemps eng ganz Rei Froen méi kloer.
Och well, dat muss ee soen, di zwee Gemengeréit respektiv Schäfferéit vu Beetebuerg an Diddeleng drop insistéiert hunn, wéi schon aganks gesot, nët nëmmen den Impakt vun deem heite Projet eléng ze kucken, mee am Kontext vun dem insgesamten Aktivitéitspark an dëser Regioun.
An och, well mer an der Nohaltegkeets- an Infrastrukturenkommissioun hei an der Chamber déi dote Suergen mat Nodrock geäussert hunn. Dofir begréisst d’CSV, dass d’Kommissioun konnt den 3. März en Austausch hunn mat den Verantwortlechen vun Ponts et Chaussées a vun der CFL fir eng Rei Aspekter unzeschwétzen a vu mer verséchert kruuten, dass si enk giffen zesummen schaffen fir dass d’Awunner esou mann wéi méiglech ënnert de Belaaschtungen vun dem zukünftgen massiven Trafic giffen leiden.
D‘Ponts et Chaussée’s Verwaltung huet begréissenwerterweis eng zousätzlech regional Verkéiersétude fir de Raum Beetebuerg–Diddeleng an Optrag ginn wou och elo d’Mobilité douce mat abegraff ass an déi elo eréischt demnächst färdeg ginn, nodeems a Concertation mat den zwou Gemengen an dem Transportdépartement, lescht Moossnamen festgehal ginn. De Moment leien just éischt grouss Konklusiounen vir.
Och sollen, laut Ausso vum Här Minister, den Kritikpunkten an de Suergen, déi den lokalen Aktiounscomité Biereng 21 zum CFL Multimodal geäussert huet, Rechnung gedroen ginn an en ass an senger gemeinsamer Äntwert mat der Ëmweltministesch op d‘parlamentarescher Ufro N°281 vum 13. Mee 2014 op déi ech verweisen, op eng Rei Punkten agaangen.
An menger Question parlementaire vum 3. Juni 2014 N* 325 hat ech zudeem de Problem vun den 200 Mann Personal vum Nationalen Gesondheetslabo (LNS) opgeworf, déi nach ëmmer keng Bushaltestell hunn an mam Auto iwert eng provisoresch Strooss déi vun der Gemeng Diddeleng amenagéiert gouf, op de Site erakommen, awert eng Schlauf iwert dee klengen Rond-point Bireng mussen maachen fir erauszefueren, wou se besonnesch zu den Spétzestonnen laang am Stau stinn. Bis eng eegen Zoufahrt iwert den neien Rondpoint Diddeleng-Bireng gebaut ass, wärt et awer nach eng Zäitchen daueren! E weideren Kritikpunkt vun den Notzer vum LNS ass, dass nët genuch Parkplazen do wieren an dass et gutt wier eng Stroosseverbindung zur Näerzengerstrooss hin ze schaafen – eppes wat di lokal CSV iwregens schon zënter längerem gefrot huet – an zemols wou den Areal Koibestrachen, laut dem Projet vum Plan sectoriel, elo soll eng spezialiséiert national Aktivitéitszon ginn am Beräich vun den Gesondheetstechnologien.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Et bleiwen an den Aen vun der CSV awer eng Rei Onkloerheeten bestoen:
- Eng Fro wat de Kaméidi ubelaangt
Niewt deenen dräi détailléierten Étuden déi d‘CFL gemaach huet iwert den Kaméidi vum Trafic an d’Aktivitéiten um Site, wou besonnesch de Nuetskaméidi e Problem ass, huet den Här Minister nach eng supplementar Étude maache geloss iwert den Trafic’skaméidi vun der A13, dee bei weitem d’Normen iwerschreit.Hei soll en Écran géint dee Kaméidi op enger Längt vun 1.500 Meter laanscht d’Autobunn kommen. Sollt ee nët den Fuerderungen vun den Awunner entgéint kommen an op eng Längt vun 2,5km erop goen? Huet d’Ëmweltverwaltung séch schon dozou ausgeschwat ? Op der Informatiounsversammlung zu Diddeleng huet den Här Minister vun engem Käschtepunkt vun 2,5 Mio€ geschwat an d’Aarbechten kéinten 2015 ufänken. Wéini soll deen Lärmschutz installéiert ginn a wien installéiert en? Ass dat och Ponts et Chaussées vu dass si de Budget dovun féiert?
- Dann eng Rei Froen zum Trafic:
Obschon d’Mobilitéit innerhalb vum Site e Modal Split vun 64/36 virweist an domat iwert der nationaler Moyenne leit, geet elo d’Cadence vun de Camionën op 1.700 pro Dag erop a wann de Site voll operabel ass, komme mer op 2.500 Camioën den Daag, wat enorm ass. Ouni d’Fernlasteren ze zielen déi op den Logistiksareal Eurohub, fréier WSA, fueren.
- Hei sollen jo Schutzwäll kommen wann den Lärmpegel e gewëssenen Niveau iwerschreit. Ween ass zoustänneg fir dat ze kontrolléiren? De Bedreiwer oder kënnt eng extern Kontroll?
- Fir den Trafic besser an de Grëff ze kréien sollen elo 3 Accèsën fir de Site kommen. De Rond-point Diddeleng-Biereng soll ëmgebaut ginn, kritt d‘Gréisstenuerdnung vum Iergärtchen a soll di Haaptax ginn fir iwert d‘(RN 31), also d’Lëtzebuerger Strooss, fir den Zougank zum Site ze kréien an dat op direktem Wee, ier d’Leit, ier d’Camionen an de Rond-point kommen, datt se am Site kënnen Den Diddelenger Gemengerot huet och schon den Ëmännerungen zum PAG zougestëmmt.
Di 1. Partie vum Rondpoint Bireng ass laut den Responsablen vun Ponts et Chaussée an der Realisatiounsphase an d’Soumissiounen sinn am gaang approuvéiert ze ginn. Well de Käschtepunkt vum Projet mat +- 36 Mio€ just ënnert dem Seuil vun 40 Mio € leit, ass awer opgrond vum Art. 99 vun der Verfassung den Accord vun der Chamber nët néideg fir di Suen do zur Verfügung ze stellen, ergo gesi mer och keng Pläng.
Mär ass awer nët esou kloer, ob d’Camionën och op direktem Wee nees op d’Autobunn eropkommen oder ob alles muss duerch de selwechten Punkt duerch de Rondpoint fueren? Dat wier nämlech eng zimlech Katastroph! An dat,
- trotz der neier Strooss parallell zur Collectrice du Sud déi d’Lëtzebuerger Strooss (RN31) mam (CR 161) Richtung Hélleng soll verbannen an
- trotz dem kompletten neien Echangeur Dudelange-Centre. Erofkommen kënnen d’Camionën do dann direkt vun der Autobun vu Frankräich erfort an iwert den (CR 161) laanscht d’Aktivitéitszone Riedgen an den „Luxconnect“ mat direkten Accès op den Logistiksite parallel zur A13. Derbäi kënnt en direkten Accès op A3 Richtung Frankräich.
- trotz der Desserte iwert den Hellénger Echangeur laanscht de Krakelshaff, déi elo soll Haaptstroos ginn während d‘(N13) laanscht den Beetebuerger Park soll zréckgestuft ginn als Verkéiersberouegung an en Duerchfuerverbuet fir Camionën do agefouert ginn
Kann den Här Minister mer douzou zousätzlech Précisiounen ginn wéi dat konkret um Rond-point Biereng soll fonktionnéiren fir erëm erop op d’Autobunn vum Site aus?
Och wollt ech froen wéi deen Projet vun der Landschaftsgestaltung vun dem Site ausgeseit deen den viiregten delegéierten Nohaltegkeetsminister Marco Schank den 25. Juli 2013 als préalabel Konditioun gestallt hat ier d’Aarbechten um Rondpoint giffen ufänken?
- Geplangt ass och den 3 spuregen Ausbau vun der A3 direkt vum Diddelénger Wal aus bis d’Aire de Berchem. Doduerch ergëtt sech an enger spéiderer Phase eng Ëmstrukturéirung vum Beetebuerger Kräiz mat der Verbreederung vun den Autobunnsbrécken.
Méng Fro, wéini geet et lass mat deem méi wéi dringend 3-spuregen Ausbau a virwat gëtt den Ausbau nët wéi initial Richtung Arel verlängert?
- Da sinn eng ganz Rei Moossnamen fir den regionalen Verkéier zu Diddeleng an Beetebuerg geplangt, Vu Busarrêtën iwert Velo’s a Foussgängerwéër bis Verkéiersberouegung duerch roud Luuten oder Stroosseverengungen an Ubannung un d‘Schinnennetz mat Ewechfalen vu Barrièren.
Ech wier ganz frou wann den Här Minister eis all déi Mesüren, déi an der definitiver Versioun, déi anscheinend fir Abrëll soll prëtt sinn, vun der regionaler Verkéiersétude virgesinn sinn eng Kéier an d’Chamberskommissioun kéint virstelle kommen, well et haut an dësem Kader ze wäit féiert fir an all déi Détailer ze goen?
- Eppes punkto Trafic muss ech awer nach bemierken:
Dat ass den aktuellen Camion’s Trafic Richtung Tankstellen an der Entrée Bireng-Diddeleng.
Niewt dem joerelaangen regelméissegem Stau zu de Spétzestonnen an den Entréën a Sortien vun Diddeleng ass dës Entrée iwert de klengen Rondpoint zu Bireng regelméisseg blockéiert duerch Camionën déi nët nëmmen dohin tanken kommen, mee dann och esouguer hir reglementär Pausen op deenen Tankstellen ofhalen
Um neien Site CFL Multimodal kënnen se awer op en CRS, d.h. e Centre routier sécurisé zrëckgräifen wou se alles offréiert kréien, vun der Hygiene an Restauratioun iwert , d’Tanken mat Drugstore a Schlofpaus bis op d’Sécherheet inklusiv kleng Reparaturen. Vu dass daat en CRS multicard ass, deen also all Zorten vun Camionën zouléisst, misst ee kënnen evitéiren, dass d‘Camionneuren op der Lëtzebuerger Strooss erausfueren, mee direkt op den Site dirigéiert ginn duerch eng ugepassten Beschëlderung.
Dofir zwou oder dräi weider Froen un den Minister:
- Wéini prezis ass di Tankstell um Site operabel, well soss fueren d’Camionën awer an d’Entrée vun Diddeleng eran.
- Wier Dir bereet esou eng Verbuetsbeschëlderung fir Transitverkéier z’installéiren wéi dat schon Richtung Beetebuerg laanscht de Parc Merveilleux geplangt ass?
- Wier et nët sënnvoll den Code de la Route ënnert d’Lupp ze huelen op deem Punkt, fir Feelinterpretatiounen ze vermeiden, well Tanken oft als Rupture de charge interprétéiert gëtt, d.h. wéi wann een eppes giff liwweren?
- Wat den Ëmweltaspekt ubelaangt,
esou sinn d’Terrassementsaarbechten déi zënter 2013 op dem 32 ha groussen Site gemaach goufen enorm, wéi ee konnt beim 1. Spuetstéch am Dezember 2014 gesinn.
D’Finanzéirung vun de Moossnamen fir dës Versigelung ze kompenséieren ware jo schon duerch de Vote vun der 1. Phase vum CFL Multimodal ofgedeckt. Seitens dem fréieren delegéierten Minister Marco Schank war awer Rieds vun weideren Kompensatiounsmoossnamen ausserhalb vum Site déi nach sollten decidéiert zesummen mat der Natur- an Bësch Verwaltung.
Ech wollt vum Här Minister wëssen ob di Decisioune scho gefall sinn a wéi eng Moossnamen dat sinn? Bedeit dat supplementar Käschten fir de Projet?
Da wollt ech nach wëssen ob Étuden vun der Loftqualitéit gemaach gi sinn?
- Eppes wat mer nach um Härz leit, ass den securiséierten Areal um Site, dee fir de Stockage vu geféierleche Gidder virgesinn ass.
An der Kommssioun si mer gewuer ginn, dass den Commodo/Incommodo fir geféierlech Produkter nach nët ofgeschloss ass. Et war och Rieds, dass den Seveso-Rayon an deem Gas- oder explosiv Stoffer kéinten stockéiert ginn kéint eventuell zréckgestuft ginn an dass eng nei europäesch Seveso Direktiv soll ëmgesat ginn.
Kéint den Här Minister eis soen, wat dat dann elo fir dee Site hei bedeit?
An da wollt ech och nach wëssen wéi do d’Virbereedung an d‘Koordinatioun wat d‘Sécherheet vum Site ubelaangt mat den lokalen Pompjeescoren vun Beetebuerg an Diddeleng leeft, respektiv ob do nach aner Pomjeescoren matbäigezu ginn?
- A last but not least wollt ech nach wëssen, wat fir Contrainten op d’Benotzer vum Stroossenetz an d’Awunner duerkommen während de der Chantier’sphase? Wéi leeft d’Coordinatiooun tëschent all deene Chantierën, inklusiv dem Échangeur an Rond-Point Helléng? Mer hu gesinn zu wat fir engem Verkéierschaos d’Spärung vun der Saarautobunn Richting Fréiseng di lescht Woch gefouert huet!
- An op wéi enger Zäitschinn, sollen di verkéierstechnesch Moossnamen déi ech virdrun opgezielt hunn, déi den eigentlechen Fonktionnement vum Site eréischt erméiglechen, realiséiert ginn?
Här President,
Wert Kolleginnen a Kollegen,
- In Fine begréisst d’CSV, dass duerch dësen Gesetzesprojet d’Aarbechten um Site vun der CFL Multimodal virun gedriwwen ginn. De Projet ass vu kruzialer Wichtegkeet fir eis national Wirtschaft an di wirtschaftlech Entwëcklung vun der Südost Regioun vun eisem Land. D’Zäit drängt, well d’Konkurrenz schléift nët!
- Obschon et bekanntlech heescht „Wou gehuwwelt gëtt, faale Spéin“, muss een onbedingt Suerg dofir droen, dass d’Belaaschtungen fir d‘Ëmwelt an d‘Awunner vum Raum Beetebuerg-Diddeleng besonnesch vum Quartier Bireng, an esou guer vun den Nopeschuertschaften Kayl a Fréiseng op e Minimum reduzéiert musse ginn.
- Heimat ginn ech den Accord vun der CSV Fraktioun fir dësen Projet matzestëmmen.
Plan d’action national d’égalité des femmes et des hommes et de la Convention CEDAW
Monsieur le Président,
Par la présente, j’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je souhaiterais poser une question parlementaire à Madame la Ministre de l’Egalité des chances et à Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et européennes au sujet du Plan d’action national d’égalité des femmes et des hommes et de la Convention CEDAW (Convention sur l’élimination de toutes les formes de discrimination à l’égard des femmes) .
Dans la déclaration gouvernementale de 2004 le Gouvernement luxembourgeois s’est donné l’outil pour contrôler la mise en oeuvre de la Convention CEDAW et des documents de la plate-forme d’action de Pékin (PFA) qui préconisent la mise en oeuvre de la politique d’égalité des femmes et des hommes.
Ainsi, le Gouvernement a lancé en 2006 un premier Plan d’action national d’égalité des femmes et des hommes (PAN Egalité) qui prévoit des mesures ciblées à réaliser par les départements ministériels et qui a été reconduit, après trois ans et une évaluation externe, pour la période de 2009 à 2014. Le dernier plan est, partant, arrivé à échéance fin 2014.
Madame la Ministre avait annoncé la présentation du nouveau PAN Egalité pour la prochaine période lors de la réunion du de la commission parlementaire de la Santé, de l’Egalité des chances et du Sport du 18 novembre 2014 pour le mois de décembre 2014.
De même le 6e rapport périodique CEDAW du Luxembourg est venu à échéance.
Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Egalité des chances et à Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et européennes :
- Le deuxième PAN Égalité a-t-il été évalué par un agent externe ? Si oui, lequel et quels ont été les résultats de cette évaluation ?
- Quand Madame la Ministre envisage-t-elle de présenter et de publier le nouveau PAN Égalité valable à partir de 2015 ?
- Quand le Gouvernement entend-il présenter le 6e rapport périodique CEDAW du Luxembourg ?
Je vous prie d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma très haute considération.
Sylvie Andrich-Duval
Députée
Services de taxis
Monsieur le Président,
J’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 80 du règlement de la Chambre des Députés, je souhaiterais poser une question parlementaire à Monsieur le Ministre du Développement durable et des Infrastructures et à Monsieur le Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Economie sociale et solidaire concernant les services de taxis.
Les services de taxis ont récemment fait la une des journaux. Alors que d’un côté les exploitants se plaignent de ne pas avoir voix au chapitre, les chauffeurs de taxis ne sont pas tous satisfaits de leurs conditions de travail.
C’est dans ce contexte que j’aimerais poser les questions suivantes à Messieurs les Ministres :
- Combien d’exploitants de services de taxis sont actuellement enregistrés auprès des autorités publiques luxembourgeoises ?
- Messieurs les Ministres ont-ils connaissance de « plaintes » formulées à l’encontre de des exploitants de services de taxis par les chauffeurs pour non-respect des dispositions légales, réglementaires ou conventionnelles en matière de droit du travail ? Combien de dossiers sont actuellement pendants devant l’Inspection du Travail et des Mines (ITM)?
- Messieurs les Ministres peuvent-ils m’indiquer combien de contrôles l’ITM a réalisé au cours des dernières années dans le secteur des taxis ? Quels ont été les résultats de ces contrôles ?
- Messieurs les Ministres sont-ils en mesure de m’informer si la commission paritaire des contrats, institutée par la convention collective des chauffeurs de taxis déclarée d’obligation générale, a prise des décisions interprétatives en la matière? Si oui, lesquelles?
Je vous prie d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma parfaite considération.
Sylvie Andrich-Duval
Députée
Manque de structures adéquates pour des personnes souffrant de maladies psychiques ou de troubles post-traumatiques
Monsieur le Président,
J’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 80 du règlement de la Chambre des Députés, je souhaiterais poser une question parlementaire à Madame la Ministre de la Santé.
L’office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration (OLAI) vient de publier son rapport quinquennal 2014 qui fait le bilan de ses actions mises en œuvre entre 2009 et 2013. Dans ce rapport, l’OLAI consacre dans le chapitre de l’aide sociale en faveur des étrangers un volet au suivi de l’état de santé des étrangers, notamment ceux présentant des problèmes psychiatriques. Le service social de l’OLAI constate, en effet, un manque de structures adéquates pour des personnes souffrant de maladies psychiques ou de troubles post-traumatiques, ainsi qu’un manque de médecins psychiatres disponibles pour intervenir en cas d’urgence. Par conséquent, un accompagnement approprié des personnes concernées fait défaut et peut générer des situations dangereuses pour les autres personnes hébergées.
Au vu de ce qui précède, j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé :
- Madame la Ministre, partage-t-elle l’analyse de l’OLAI ?
- Dans l’affirmative, de quelle manière Madame la Ministre entend-elle intervenir afin de trouver une solution à court terme ?
- Comment le gouvernement entend-il intervenir afin de mieux répondre aux besoins dans ce domaine de la psychiatrie?
Je vous prie d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma parfaite considération.
Sylvie Andrich-Duval
Députée
Vaccin contre la grippe
Monsieur le Président,
Par la présente, nous avons l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, nous souhaiterions poser une question parlementaire à Madame la Ministre de la Santé au sujet du vaccin contre la grippe.
Malgré une méfiance apparemment croissante des Européens, les Ministres de la Santé de l’Union européenne ont récemment serré les rangs en faveur de la vaccination qui reste d’une importance fondamentale pour la santé publique. Il nous revient par voie de presse que l’agence italienne de pharmacologie (AIFA), a pris la décision de suspendre temporairement l’utilisation du Fluad, un vaccin anti-grippe produit par un grand laboratoire suisse. La mesure a suivi entretemps dix-huit décès suspects dans ce pays, tous des personnes âgées. Toujours suivant la presse, la firme pharmaceutique en question aurait été récemment à la Une pour scandales de fraude dans plusieurs pays et aurait fait l’objet d’investigations de la part des instances publiques.
Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé:
- Combien de personnes au Luxembourg reçoivent chaque année un vaccin anti-grippe ? Ce chiffre est-il croissant ou décroissant ces dernières années ?
- La méfiance actuelle envers les vaccins ou certaines marques de vaccins est-elle justifiée ?
- Est-ce que le vaccin Fluad est aussi utilisé au Luxembourg? Dans l’affirmative, des lots suspects ont-ils également été importés au pays?
- Dans ce cas, Madame la Ministre estime-t-elle que des mesures de précaution sont nécessaires? Si oui, lesquelles ?
Nous vous prions d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de notre très haute considération.
Sylvie Andrich-Duval
Nancy Arendt
Députées
Conditions d’attribution des aides financières de l’État pour études supérieures
Monsieur le Président,
Par la présente, j’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je souhaiterais poser la question parlementaire ci-après à Monsieur le Ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche.
La loi du 24 juillet 2014 a modifié les conditions d’attribution des aides financières de l État pour études supérieures sur certains points.
Dans ce contexte, il m’a été rapporté que plusieurs étudiants qui se sont inscrits dans des établissements d’enseignement supérieur étrangers ne se voient pas accorder d’aide financière au motif que la formation suivie est sanctionnée par un certificat d’école privée et non par un diplôme délivré par une autorité compétente et qu’elle ne constitue pas un programme d’études reconnu par une autorité compétente du pays où se déroulent les études comme relevant de son système d’enseignement supérieur.
Or, il appert qu’au moins un de ces instituts était présent lors de la Foire de l’Étudiant organisée par le ministère en novembre 2013 et même encore au cours de l’édition de cette année. Il s’en est suivi que plusieurs étudiants se sont inscrits dans ces instituts dans l’expectative de se voir accorder une aide financière pour études supérieures de la part du CEDIES.
Ces mêmes étudiants se voient désormais refuser l’aide en question au motif que la législation afférente a changé, ce qui dans certains cas les oblige d’arrêter leurs études faute de moyens financiers.
A ce sujet, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche:
Monsieur le Ministre ne juge-t-il pas cette situation inéquitable étant donné qu’au moment de leur inscription auprès de ces écoles supérieures, les étudiants en cause avaient une légitime expectative de se voir accorder une aide financière de la part de l’Etat, d’autant plus que certains étudiants inscrits en dernière année dans ces mêmes écoles continuent à percevoir cette bourse encore à l’heure actuelle ?
Dans l’affirmative, Monsieur le Ministre n’entend-il pas traiter les dossiers des étudiants concernés, inscrits avant le vote de la loi en question, comme des cas de rigueur et leur accorder néanmoins les aides auxquelles ils pouvaient légitimement prétendre ?
Monsieur le Ministre n’estime-t-il pas qu’il conviendrait de mieux informer au préalable les étudiants intéressés des critères suivant lesquels ils peuvent obtenir une aide financière pour études supérieures et notamment du relevé des établissements reconnus qui remplissent les conditions posées par le CEDIES ?
Je vous prie d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma très haute considération.
Sylvie Andrich-Duval
Députée
Débat de consultation sur le suicide et sa prévention
Dei Intégral Ried als PDF: Débat Suicide Sylvie Andrich
DE SUICIDE AN EISER GESELLSCHAFT
Wéi verzweiwelt muss e Mënsch sinn fir als leschten Auswee séngem Liewen en Enn ze sétzen? – Meeschtens no enger laanger ënnerer Leidensphase, déi vu séngem Ëmfeld nët ëmmer bemierkt gëtt – En dramateschen leschten Schrëtt, d’Resultat vun engem “Nët-Wëssen wéi mat der Kriis ëmgoen”, .
Well Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Et gëtt ËMMER en Auswee, sief een nach esou verzweiwelt!
Als Psychologin fillen ech méch evidenterweis bei dësem Thema besonnesch interpelléiert.
Haut geet et drëm:
-den Tabu an d’Stigmatisatioun déi et nach ëmmer an eiser Gesellschaft ronderëm dësen sensiblen Sujet gëtt ze briechen,
– d’Leit déi sech schlecht fillen, unzespriechen fir sech Hëllef ze froen,
– de betraffenen Familljen ze soen, dass se sech NËT brauchen ze schummen
– de Beruffskolleginnen a- Kollegen op der Aarbecht mat op de Wee ze ginn, fir offen domat ëmzegoen
– d’ganz Gesellschaft opzeruffen d’KOMMUNIKATIOUN mat séngen Matmënschen NËT ofbriechen ze lossen, hinnen e bësse méi opmierksam NOZELAUSCHTEREN, hinnen e bëssen vun hirer kostbarer ZEIT ze schenken.
- Am Numm vun der CSV begréissen ech, a soen der Madame Minister merci, dass d’Regierung haut wëllt d’Chamber zum Thema Selbstmord , besonnesch wat seng Preventioun ubelaangt, consultéiren am Virfeld vun der Présentatioun vum Plan National de Prévention du Suicide (PNPSL). Esou fënnt den heitegen Débat nach inextremis virun der Nationaler GesondheetsKonferenz vu mar statt wou dësen Nationalen Plang soll virgestallt ginn. D’Regierungsdokumenter fir eis Diskussioun koumen leider deementspriechend kuerzfristeg esou dass di mandatéiert Spriecher vun de Fraktiounen bedauerlecherweis nët allzevill Zeit haten fir sech op dësen ganz wichtigen Sujet virzebereeden….
- E Sujet dee mer iwregens hei an der Chamber schon 2x am Kader vun enger Heure d’actualité behandelt hunn am Joer 2007 an am Joer 2011, wou d’CSV schon eng Rei Aktiounspisten mat an d’Diskussioun bruet huet.
- E Sujet, deen zënterhier nach nët u Bedeitung verluer huet. Och wa Lëtzebuerg, gemäss den Donnéën vun der Weltgesondheetsorganisatioun (OMS), am Verglach zu den aneren EU-Länner liicht ënnert der europäescher Moyenne leit, esou ass
ALL Suicide 1 zevill an
ALL Suicide 1 Tragédie!
Wa, laut OMS, weltweit all 40 Sekonne e Mënsch sech d’Liewen hëllt an 10-20 mol méi Mënschen probéiren sech d’Liewen ze huelen, ouni déi ze zielen, wou et guer nët esou kloer ass, ob se z.B. an de Bam wollten rennen oder nët. Wann da esou ass, da kann ee nët méi vun engem marginalen Phenomän schwétzen!
D’Politik ass gefuerdert! Dofir deelt d’CSV d’Meenung vun der Regierung, dass d’Ausschaffen vun engem Nationalen Suizidpräventiouns- Plang, esou wéi di international Instanzen, besonnesch d’OMS, et recommandéieren, eng vun de Prioritéiten vun der Santé publique muss bleiwen. Domat bleiwe mer och an der Continuitéit vun den Accenter vun der viregter Regierung.
E grousse Merci un all déi, déi an der “Vernetzungsinitiativ fir Suizidpräventioun” zu Lëtzebuerg schon zënter Joeren un dësem Projet schaffen! An de leschte Joeren waren virun allem d’Marie-Jeanne Bremer, dat elo séng wuelverdéngten Pensioun geholl huet, de Fränz D‘Onghia, den Dr Paul Hedo, ënner aneren, immens aktiv. Si hunn an Ofsprooch mat dem Secteur médico-psycho-social ënnersicht,wou ed hakt hei zu Lëtzebuerg a wat misst gemach ginn, fir dass d’Suizidpréventioun besser fonctionnéiert.
D’Organisatioun vun den Nationalen Suizidpräventiounsdeeg ass nëmmen 1 vun den Aktivitéiten niewt dem exzellenten Internet Site www.prevention-suicide.lu deen 2013 lancéiert gouf.
Och di lescht Initiativ vum Hëllefstelefon SOS Détresse ass luewenswert: seit Februar 2014 gëtt eng SOS Online Help ugebueden an et ass scho vill op se zrëckgegraff ginn.
D’CSV begréisst och di global Approche vun engem interministeriellen Aarbechtsgrupp, dee Vertrieder vun insgesamt 6 Ministären ronderëm een Dësch bréngt.
URSAACHEN
D’Problematik vum Suizid ass multikausal, also e komplexen Problem an nët eleng medezinescher Natur.
- D’Depressioun ass eng Krankheet, nët ze verwiesselen mat enger momentaner depressiver Verstëmmung oder Flëmm. D’Depressioun kann a muss behandelt ginn fir dass se nët zum Selbstmord féirert. De Risiko, am Liewen un enger Depressioun z’erkranken leit bei 17%, laut Portail vun der Santé. Eng genetesch Veranlagung, eng psychiatresch Erkrankung, aner Krankheetsbiller (z.B. Hormonkrankheeten, chronesch Krankheeten, eng Behënnerung) oder eng Reaktioun op eng extern Situatioun kënnen dës Krankheet ausléisen. Dozou gehéiren:
- Stress op der Aarbecht: Den “Observateur de l’absentéisme” huet festgestallt, dass 2013 hei zu Lëtzebuerg Depressiounen an stressbedingten Krankheeten ¼ vun den Laangzeitkrankmeldungen duergestallt hunn géigeniwer 17% am Joer 2008. “ 20% vun den Ugestallten kënnen, laut der Étude vun 2011 iwert den “Bien être au Travail” vum CEPS am Optrag vun der Chambre des Salariés, vun Burn out betraff sinn. Mobbing ass och heefeg.Och wann d’Leit nët ëmmer krankgeschriwwen sinn, ass d’Produktivitéit op der Aarbecht nët méi déiselwecht.
- Depressiounen bei Kanner duerch Stress respektiv Drock an der Schoul an d’familiär Problemer huelen zou. Den Alldagsstress ouni Méiglechkeet sech auszerouen a keng Bezuchspersoun déi sech Zäit hëllt nozelauschteren verstärken dat.
- Suizidär Iddien kommen och méi heefeg op bei Jugendlechen, déi jo nach méi labil sinn, well hier Perséinlechkeet nach nët färdeg ass, ëm sou méi wann se Alkohol an Drogen konsomméiren oder Gewalt ausgesat sinn, z.B. den Bullying
- Eeler Persounen sinn méi exposéiert wann se isoléiert sinn, krank ginn an hir Autonomie verléiren. Deen domat verbonnen Selbstwertverloscht favoriséiert d’Suizidgefor. Dat ass e Phenomen deen ëmmer méi zouhëllt an deem engem Suergen mécht.
- Suizidtendenz fënnt een awer och bei Suchtpatienten wou Alkohol, Drogen, Medikamentenmëssbrauch d’Ursaachen sinn. Och Spillsucht ass nët z’ënnerschätzen.
- Krisensituatiounen, wéi Stierffall, Scheedung, Aarbechtslosegkeet,Iwerverschëldung,Wunnéngsverloscht, Krankheet verstärken nët nëmmen d’sozial Prekaritéit, mee och de Risiko zu Depressiounen an domat zum Suizid
- Traumatesch Erliefnisser duerch en Accident, Gewaltverbriechen, Mësshandlung, sexuellen Mëssbrauch, häuslech Gewalt kënnen posttraumatesch Stéirungen mat suizidaler Tendenz provozéiren an last but not least
- spillt manner Sonn am Wanter oder an den nordeschen Länner eng Roll fir d’Heefegkeet vun Depressiounen
Aus dësen Ausféirungen ergëtt sech, dass d’Suizidalitéit an den Gesamtkontext vun der mentaler Gesondheet an der Santé publique iwerhaapt, muss gesat ginn.
SUIZIDPRÄVENTIOUNSPROGRAMM
- Dofir deelt d’CSV och d’Meenung vun der Regierung fir den nationalen Suizidpräventiounsplang mat enger Approche op verschidden Axen opzebauen, déi enk mat dem generellen Objektiv fir d’Ursaachen an d’Konsequenzen vum Suizid ze bekämpfen, grad esou wou mat den spezifeschen Objektiver zesummenhänken
Ech hu mer soen geloss d’Regierung hätt sech hei um australeschen Modell “LIFE, Living is For Everyone” inspiréiert. E ganz gudden Programm, deen seng Preuven soll gemaach hunn, deen sein Ufank an den 90er Joeren fonnt huet an 2007 finaliséiert war. Dee Programm ass breetgefächert a baut nët eleng op d’Psychiatrie op, wat ech begréissen.
Virreider waren awer di nordesch Länner Enn vun den 80er Joeren. Duerno hunn nach aner Länner nogezunn. Dofir meng Fro: Sinn all déi Programmer evaluéiert ginn? Wat huet d’Regierung incitéiert grad op den australeschen Modell zrëckzegreifen?
Ech greifen e puer Elementer aus den Virschléi vun der Regierung eraus, déi an den Aen vun der CSV besonnesch wichteg sinn:
- Fir en connaissance de cause à long terme ze handelenn, ginn weiderhin Statistiken gebraucht, déi nach besser ventiléiert solle sinn, z.B. no Alter, no Geschlecht, no Risikogrupp fir nuancéiert an doduerch méi efficace Interventiounen méiglech ze maachen. An déër Hinsicht si mer hei zu Lëtzebuerg nach oft e Stéifkand.
- D’Approche soll op den Besoiëns vun de Mënschen baséieren: waat brauch e Kand, e Jugendlechen, en Erwuessenen, e Mann eng Fra asw an deem Kontext wou se liewen fir sech wuel ze spieren?
- D’CSV plaidéiert fir en “Observatoire de la Santé” , deen Gesondheetsdonnéën kann ënner strengen Datenschutzmoossnamen erfaasen.
- Och Enquêten iwert d’Wuelbefannen vun den eenzelen Gruppen aus eiser Gesellschaft sollen weidergefouert ginn. Leit déi riskéiren diskriminéiert ze ginn wéinst hirer sexueller Ausriichtung, wéinst hirem Geschlecht, hirem Händicap, hirer Nationalitéit asw. kënnen zu den Risikogruppen gehéiren
- Grad esou wichteg ass et di wëssenschaftlech Recherche virunzedreiwen,z.B. am Beräich vun der précocer Interaktioun vum Foetus mat sénger Ëmwelt, vun der klengster Kandheet mam Fokus op di neurobiologesch Aspekter. Wéineg Étuden ginn et iwert d’Aarbechtskonditiounen vun de Fraen an hir Repercussioun op hiert Wuelbefannen an hier Gesondheet. Si sinn méi exposéiert duerch di duebel an Dreifachbelaaschtung vun de Kanner a vum Stoot, emsou méi wann et Elengerzéier sinn. De Volet vun den eeleren Persounen, deen ëmmer méi Bedeitung wärt kréien an de nexten 20 Joer.
- D’CSV geseit ee Schwéierpunkt bei enger optimaler Preventioun fir dass d’Leit selwer genuch Ressourcen – dozou gehéiert iwregens eng précoce Bindungsfähegkeet – vu Kand un kënnen opbauen fir hiert d’Liewen ze meeschteren an och un di wiesselnd Liewensëmstänn kënnen upassen. Vill Facteuren spillen dobäi mat ob dat gelëngt oder nët. Eng gewëssen Liewenshygiene soll unerzunn ginn, mat sämtlechen Aspekter, wéi Ernährung, Bewegung, Liewens-, respektiv Schlofrythmus, Stressmanagement, Entspaanung, sozial Vernetzung an der Famill, mat Frënn ,op der Aarbecht, also och sozial Kompetenzen.
- Derniewt ass en vernetztenen Réseau erfuerdert vun preventiven psychopädagogeschen an sozialen Hëllfsméiglechkeeten, wéi Liewensberodung fir verschidden Zielgruppen. E Réseau deem seng Hëllefsoffer ëmmer nees un di constatéiert Besoiën an Qualitéitsstandaren soll ugepasst ginn.
An den Aen vun der CSV muss d’Psychiatrie méi eng grouss präventiv Roll spillen, besonnesch an der Kanner- an Jugendpsychiatrie. Do leeschten se exzellent Aarbecht;si sinn enorm sollicitéiert, wat zwar keen esou gutt Zeechen ass. Si mussen weider equipéiert ginn. E best Practice Beispill ass den Service de Détection et d’Intervention précoce pour troubles psychiques, e Service extrahospitalier vum Centre hospitalier Kirchberg zesummen mat e puer Ministären. Si soll méi mat deenen Moosnamen am Familienberäich vernetzt ginn.
- D’Fréierkennung vun suizidalem Risiko, ergo enger auswegsloser Situatioun, soll grad esou en Schlësselement sinn an dem nationalen Präventiounsprogramm. –
- All Leit en première ligne, d’Léierpersounen, d’Personal an de Crèchen an den Maisons Relais, d’Generalisten, de Referenzdokter – wou d’IGSS leider d’Conventioun eeseiteg gekënnegt huet – , d’Kannerdokteren, d’Personal an den Alters- a Flegeheemer, vun den Soins à domicile, d’Responsabel fir Sécherheet a Gesondheet, d’Responsabel vun den Ressources Humaines an de Betrieber a beim Staat brauchen eng extra Sensibilisatioun, respektiv Stärkung fir d’Alarmsignaler mat Zeit z’erkennen.
– Och benevol Mataarbechter hunn e breeden Kontakt mat verschiddene Persounen. Si hunn eng wichteg Missioun a si solle wëssen wou se eng Persoun, déër et nët gutt geet kënnen hin orientéiren
- -Sensibiliséiert ginn sollen och den breeden Public wéi d’Elteren an d’Kanner an d’Jugendlech an de Schoulen, z.B. bei der Journée mondiale de la Prévention suicide , déi all Joer den 10. September ass. Hei hunn d’Medien och eng wichteg Roll ze spillen
- Innovativ Projetën solle kënnen méiglech ginn. Als Iddiien:
- di psychosomatesch Approche ze verstärken, déi sech besonnesch bei chroneschen Schmärzpatienten bewährt. Schmärzpatienten sinn oft psychotherapeutesch ënnerbeträit hei zu Lëtzebuerg. E Best Practrice Beispill 1 Klinik zu Freiburg an zu Gengenbach d’Celenus-Klinik, déi geleet ginn vum Dr Ulrich EGLE mat enger Erfollegsquote vun quasi 80%.
- An Deitschland ginn et och z.B. Mamm- respektiv Papp-Kand Kuren virgesinn bei Burnout oder psychosomateschen Problemer. Besonnesch Elengerzéier, an der grousser Majoritéit Fraen, sinn eng besonnesch Risikogrupp deenen esou eng Méiglechkeet ze gutt kéim.
- Am Fall wou et dann awer zu enger suizidärer Kriis oder enger Tentative de suicide (TS) kënnt, ass eng professionnell Prise en charge vum Patient a sengem Ëmfeld an der Urgence vu gréisster Wichtegkeet. Hei besteet Verbesserungsbedarf bei dem Equipement vun de Spideeler
- D’CSV steet hannert der Idii vun enger dezentraliséiert Psychiatrie. Erfuerdert sinn regional Krisenzentren déi fir jiddereen DIREKT accessibel sinn an déi no deenen selwechten Qualitéitsstandaren fonktionnéiren.Dat ass de Moment nët iwerall de Fall.
- Adequat Réimlechkeeten fir den Accueil an der Urgence ass néideg (nët niewt engem Rideau wou op der aner Säit een eng Härzattack, en Alkoholrausch oder e gebrachent Been huet)
- Och di néideg Zeit fir klärend an ënnerstétzend Gespréicher an enger Sprooch déi se wa méiglech verstinn, an en adequaten mënschlechen-professionnele Kontakt kënnen unzebidden
Dofir bräichte mir do genuch Professioneller, déi die néideg fachlech a menschlech Kompetenzen hunn fir dës hellefräich Gespréicher an eng efficace Analyse vun der Situatioun kënnen ze maachen, sou dass duerno eng sënnvoll Prise en charge kann ugebuede ginn. Et geet nët duer d’Leit mat engem Anxiolitique heem ze schëcken bis zur nächster Tentative de suicide (TS). Grad TS sinn oft en Signal, en Ruff no Hëllef! 75% vun den Betraffenen maachen nämlech innerhalb vun 2 Joer eng nei TS, och wann di meescht hir Tentative iwerliewen.
- Eng medikamentös Behandlung ass sécher néideg an enger 1. Phase oder moyen terme. Di modern Antidépresseuren sinn och ganz efficace an hunn manner Niewenwierkungen, mee leider nët bei jidderengem. Et gëllt dat richtegt Medikament fir dee jeweilegen Patient ze fannen an ze verschreiwen.
- Et gëtt eben keng Pëll fir glécklech ze sinn.
- Dat féiert zum nächste wichtege Punkt, déi sougenannten Therapieketten, (déi hei zu Lëtzebuerg feelt). Emmer erëm kritt ee matt, dass Menschen, déi a Kriis sinn, kee kontinuéierleche Suivi ugebuede gëtt an den aktuelle Strukturen. Di Betraffe selwer hu keen Iwwerblëck an hun en plus weder genug Energie nach Duerchaaleverméigen fir vun enger Struktur an déi aner ze fannen. Mam Resultat, dat et hinnen onnéidejerweis ëmmer méi schlecht geet.
- Daat gëllt och fir d’Prise en charge vum familiären Ëmfeld am Fall vun engem Selbstmord oder enger Suizidaler Kriis. Do bleiwt nach munches ze maachen.
- Et kéint gutt a vill Préventioun gemaach ginn, andeems Menschen eng adequat Orientéierung am Sënn vun enger multiprofessionneller Approche, a besser nach eng perséinlech Begleedung bis bei di nächst Beträiungspersoun (Dr, Psy, Assistant, surendettement, …) ugebuede kréien – esou wéi dat an anere Länner oder och hei bei anere Krankheeten Usus ass (DR – kiné etc.).
- Waardezäiten vun e 2 bis 3 Méint bei den verschiddenen Beroodungszervisser, Psychologen oder Psychiater wéi dat elo de Fall ass, sinn nët nëmmen fir di hei Problematik, mee insgesamt kontraproduktiv. Dat ass deenen Betraffenen nët zouzemudden.
- Emsou méi wichteg ass et d’Psychotherapiegesetz, dat um Instanzewee ass, qualitativ gutt, mee och praktikabel ze gestalten fir dass et esou séier wéi méiglech ka gestëmmt ginn. Vill Leit ginn egal wouhinn fir sech Hëllef ze sichen – vun der Kaarteleeësch bis hin zur Astrorückführung. Et ass onbedingt néideg, dass ee betraffe Menschen kann drop hiweisen wat eng qualitativ gutt psychotherapeutesch Betreiung ass – woubäi ech perséinlech jo hoffen, dass Medeziner a Net-Medeziner an deem Kader dann och eng fruchtbar Zesummenaarbecht wärten hi kréien.
Esou kënnt vill méi fréi eng professionell sérieux Prise en charge gemaach ginn, déi der Persoun hëlleft selbststänneg nei Wéër ze goen –an an engems, wa méiglech, verhënnert giff fir zevill laang op Medikamenter zrëckzegräifen , déi riskéiren ofhängeg ze maachen.
- Och wëll ech nach eng Kéier drop insistéieren, dass et immens wichteg ass, de Professionellen eng gutt Formatioun unzebidden.
- D’Intervenantën an der Urgence, dat begräift d’Protection civile mat hirer Unité de support an d’Police: D’Polizeischoul preparéiert d’Polizisten drop wann se bei akut suizidär Persounen geruff ginn. Mee wann di suizidär Persoun awer effektiv Selbstmord gemaach huet, dann muss d’Police awer sensibiliséiert ginn fir déi Famill wou och oft Kanner derbäi sinn nët wéi Krimineller ze behandelen, och wat di verstuerwen Persou ubelanngt an der Famill erméiglechen Abschied ze huelen. D’medezinescht Personal leescht och eng formidabel Aarbecht. Si mussen nach besser ënnerstétzt ginn duerch eng permanent Weiderbildung
- Fir di psychosozial Professiounen gëllt dat selwecht
- Mee och d’Geriichtswiesen, muss nët nëmmen sensibiliséiert ginn, mee och besser viirbereet ginn. Et kann een e.a. en kranken, suizidären Mënsch, deen hypersensibel ass, nët mat deenen selwechten „Poids et Mesures“ jugéiren, wéi ee knallharden Dropgänger ouni Skrupel…
- . All déi virgenannten Moossnamen kënen nëmmen effektvoll sinn wann eng national Koordinatioun besteet, déi en permanenten Austausch tëschend ALLEN Acteuren erméiglecht. D’Madame Minister schwétzt an hirem Dokument vun enger nationaler Psychiatrie-Plateform. Heescht dat, dass en fait keng multidisziplinär Approche hei ugeduet ass, wat mer giffen bedaueren? Sinn am Programm institutionnaliséiert a regelméisseg Echangen virgesinn?
- D’CSV begréisst och en jährlechen Rapport National wou et méiglech ass eng Evaluatioun vun all den Aktiounen zur Suizidpräventioun ze maachen. Et geet an eisen Aen awer nët nëmmen duer gewëssen Qualitéits-Standaren opzestellen, mee et muss och séchergestallt ginn , dass se efficace sinn. Och d’Effizienz ass ze préifen , also fir d’Mëttelen u Personal, un Infrastrukturen, un Geldmëttel déi zur Verfügung stinn, bescht méiglech anzesétzen gehéiert grad esou derzou. Dofir misst och eng initial Bestandsopnahm gemaach ginn vun allem wat de Moment existéiert, déi et erméiglecht en Iwerbléck ze behalen. Wéi eng Indicateuren sinn hei virgesinn? An dat féiert mech zu menger leschter Bemierkung iwert de
- Financement
D’Madame Minister chiffréiert dee ganzen Präventiounsplang op 1 Mio € fir di nächst 5 Joer vun 2015-2019.
- Mee an den Budgetsartikel fënnt ee sech schwéier erëm. D’CSV hätt begréisst wann e detailléierten an transparenten Finanzplang vir giff leien.
- Wat deen zukünfteg Finanzement ubelaangt, esou ass weder am Budget 2015, nach am Pluriannuel transparent wou a wivill fir wat investéiert gëtt.Ginn bestehend Initiativen ausgebaut? Wéi eng? Ginn nei Initiativen geschaaf? Wéi eng?
- E Gesamtiwerbléck iwert de Käschtepunkt muss sin, ouni awer wëllen d’Suizidproblematik op en ekonomeschen Niveau ze reduzéiren
Här President, lèif Kolleginnen a Kollegen,
Ofschléissend, begréisst d’CSV insgesamt d’Stoussrichtung vun deem neien nationalen Suizidpräventiounsprogramm, ouni awer wëllen dee finanziellen Aspekt aus den Aen ze verléieren, deen eis nët esou ganz kloer ass.
Jiddefalls si mer gespaant op di offiziell Viirtstellung mar vum Programm a wënschen der Madame Minister eng glécklech Hand bei sénger Ëmsétzung, am Sënn vun deenen betraffenen Leit, déi a grousser psychescher Nout sinn.
Merci
Stérilisation des femmes
Monsieur le Président,
Par la présente, nous avons l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, nous souhaiterions poser une question parlementaire à Madame la Ministre de la Santé au sujet de la stérilisation.
Dans les années soixante-dix, les femmes ont lutté pour que la stérilisation soit dépénalisée et couverte par la Caisse Nationale de Santé. Depuis le début de cette année, et de façon inattendue et sans préavis, presque toutes les demandes de remboursement de la stérilisation ont été rejetées.
Dans ce contexte, nous aimerions poser la question suivante à Madame la Ministre de la Santé :
- Madame la Ministre, peut-elle me confirmer la véracité de ces affirmations ?
- Par quel argument le coût de la stérilisation n’est-il plus couvert par la Caisse nationale de Santé?
Nous vous prions d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de notre très haute considération.
Sylvie Andrich- Duval
Marc Spautz
Députés